|
Summersaison 2011 |
Ready...? ... Play...!![]() |
|
|
|
Interclubchampionnat 2011 |
|
Eis 8 Equipen hu den Interclubchampionnat mat guddem Erfolleg ofgeschloss: 3 Equipen steigen, 4 bleiwen, 1 steigt of. |
|
d'Dammen J-V hunn et erëm bis an d'Nationaldivisioun gepackt! |
|
Chapeau! |
|
Juxtournoi fir all eis Memberen |
|
E Méindeg, den 15.August vu 14 Auer un, sinn all eis Memberen, awer ganz besonnescht eis nei Memberen, häerzlechst invitéiert op eise Juxtournoi, de vum Comité organiséiert gëtt. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. Bréngt awer all e bëssen Summerwieder mat. ;-) Umeldungen w.e.g. op contact@tcmw.lu oder bäi engem Comitésmember. |
|
25. Jubiläum vum Museltournoi |
|
An Zesummenaarbecht mam Tennisclub Gréiwemaacher organiséieren mir och 2011 eisen Tournoi. d'Finalle ginn an dësem Joer nees ze Waasserbëlleg gespillt. Zum 25. Jubiläum si folgend Neierungen geplangt: Eng eegen Websäit fir den Tournoi gëtt ageriicht Den Tournoi gëtt ëm Tableauen fir J-V an V erweidert Umeldung fir den Tournoi ass online méiglech d'Umeldungsbestätegung ass direkt online verfügbar d'Informatioun fir den 1. Match ass online verfügbar (jeeweils Donneschdes virum Ufank vum Tableau) All Tableaue stinn online a ginn deeglech aktualiséiert. |
|
D'Websäit vum Museltournoi ass elo online! |
|
D'Aarbechte un der neier Websäit vum Museltournoi sinn ofgeschloss! Hei kënnt Dir dohin: Museltournoi Online |
|
Kiirmesiessen |
E Sonndeg, den 13.11, schléissen mir d'Joer 2011 of mat eisem traditionellen Kiirmesiessen.![]() |
| méi al |


